
Um Donneschdeg koum et zu Steesel zum Toppduell tëschent der Amicale an dem Champion Etzella Ettelbréck. No enger ausgeglachener Ufanksphas sinn d'Gäscht aus dem Norde méi staark ginn an hunn sech e klenge Virsprong erausgespillt. Um Enn wënnt Ettelbréck mat 73:65 a steet domat an der Véierelsfinall. D'Profispiller Travis Henson (24 Punkten) an Deantoni Gordon (22) hu bei de Gäscht am beschte getraff.
Den T71 Diddeleng hat iwwerdeems keng Schwieregkeeten a konnt sech auswäerts zu Hesper beim Géigner aus der drëtter Divisioun mat 130:69 behaapten.
En Dënschdeg an e Mëttwoch hate sech schonn d'Fiels, Bartreng, Esch, Walfer, de Kordall an d'Musel Pikes fir d'1/4-Finalle qualifizéiert.