Dës Woch ass de Pitt Koster Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".

No 15 Joer um héchsten Niveau vum Lëtzebuerger Basket ass no dëser Saison Schluss.

De fréieren Nationalspiller huet op seng Karriär zeréckgekuckt an ënnert anerem iwwert seng Zäit zu Zolwer, Walfer, Steesel an elo zu Bartreng geschwat.

Donieft geet et mam Guy Seyler a Jeff Kettenmeyer awer och ëm speziell Relatioune mat verschidden Trainer a wéi d'Karriär no der Karriär ausgesäit.

Drëtt Hallschent Episod 33: Pitt Koster

All d'Episode vun "Drëtt Hallschent" fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

RTL