Lëtzebuerger Ekipp geléngt Historesches

Mat Team Lëtzebuerg ass et der éischter reng lëtzebuergescher Ekipp gelongen, de Champion-Titel an enger Mario Kart 8 Deluxe-Divisioun ze gewannen.
Zënter gutt 15 Joer existéiert déi reng lëtzebuergesch Ekipp Team Lëtzebuerg, déi sech haaptsächlech op Nintendo-Spiller fokusséiert huet. Zënter dem Bestoen dierft allerdéngs d'Mario Kart-Franchise d'Steckepäerd vun der Ekipp gewiescht sinn. Esou konnt Team Lëtzebuerg schonns am Joer 2008 e Champion-Titel an der deemoleger E-Sports-League am Mario Kart Wii gewannen. Dëst Konschtstéck sollt der Ekipp gutt 14 Joer duerno och an der offizieller E-Sports-League vu Mario Kart 8 Deluxe geléngen. An enger spannender Finall konnt sech Team Lëtzebuerg mat enger 2:1 Victoire géint déi mexikanesch Ekipp Team No Mola duerchsetzen a sech zum Vainqueur vun der 17. Divisioun kréinen. Mä domat net genuch, koum et an der Halleffinall zu engem Openeentreffe vun zwou lëtzebuergeschen Ekippen an där sech Team Lëtzebuerg awer kloer duerchsetze konnt.
An der Billergalerie kënnt Dir Iech iwwerdeems nach eng Kéier de geneeën Turnéierverlaaf vun Team Lëtzebuerg ukucken:
Nodeems viru Kuerzem ugekënnegt gouf, datt Mario Kart 8 Deluxe mat 48 néie Strecke versuergt wäert ginn, erhofft ee sech op de Säite vun Team Lëtzebuerg néi motivéiert Leit ze fannen. Mä domat net genuch, wäert Team Lëtzebuerg sech an Zukunft och erëm méi mat Splatoon befaassen, soudatt si sech erhoffen, mat Splatoon 3 och frësche Wand an de Grupp ze kréien.
Wann Dir interesséiert sidd, mat engem vun den eelste Gaming-Gruppen am Land a Kontakt ze trieden an eventuell esouguer en Deel dovun wéilt ginn, da kënnt Dir Iech gäre mat hinnen op den diverse soziale Medien (Facebook, Instagram an YouTube) a Verbindung setzen!
Vun onser Säit bléift ons just nach iwwreg, Team Lëtzebuerg fir des historesch Reussite an der lëtzebuergescher E-Sports-Zeen ze felicitéieren.
