Orange eLeague 2026Och dëst Joer gëtt nees dee beschten EA Sports FC-Spiller am Land gesicht

David Winter
Dobäi kënnt, dass de Spiller, deen hei wënnt, sech och automatesch eng Plaz fir d'eChampions League a fir d'Playoffs vun der eWorld Championship séchert.
© RTL / Alexandre Benavente Martingil

Fir dës Saison hate sech dann och déi bescht fënnef Spiller vun zejoert an de Gewënner vun der 2. Divisioun direkt fir d’Season 6 automatesch qualifizéiert. Am Ganze wäerte sou 36 Spiller dës Saison matspillen, all Spiller representéiert dann och ee Futtballclub aus dem Land. An der 1. Divisioun triede 16 Spiller géinteneen un, an der 2. Divisioun sinn et der 20.

D’Saison selwer dauert vu Februar bis Abrëll 2026. Dëst Joer gouf dann decidéiert, dass d’Spilldeeg am Orange Digital Center an der Stad wäerte sinn. Sou wëll ee Fairness an déi bescht méiglech Internetverbindung fir all Spiller garantéieren. De 24. Februar da wäerten déi éischt Matcher gespillt a gestreamt ginn. Weider Datumer sinn den 10., 24. an 31. Mäerz. D’Finall ass da schlussendlech den 18. Abrëll. De Präis-Pool dëst Joer läit bei alles an allem 10.000 Euro, de Gewënner an der 1. Divisioun ka sech iwwer 2.500 Euro freeën.

Ambassadrice vun der Saison 2026 ass dëst Joer déi Lëtzebuerger Nationalspillerin Laura Miller.

Hei alleguerten d’Ekippen op ee Bléck!

© Orange / FLF
© Orange / FLF

Hei geet et op den offizielle Site an op den Twitch vun der Orange eLeague!

© Orange / FLF
© Orange / FLF

Weider Infoen ginn et am Communiqué vun der Orange eLeague!

Orange eleague 2026 Media day_.pdf

Back to Top
CIM LOGO