Orange eLeague16 Spiller, nëmmen ee kann Lëtzebuerg international vertrieden

Raphaël Ferber
Julie Thilges
Den 19. Februar war den éischte Spilldag, vu 4, vun der Orange eLeague.
Den 19. Februar war den éischte Spilldag vun der Orange eLeague.
Et triede 16 Spiller géinteneen un an dat um virtuelle Futtballsterrain vum Videospill FC26.

Den 19. Februar war den éischte Spilldag, vu 4, vun der Orange eLeague. Eng eSport-Competitioun vun der FLF an Orange. Et triede 16 Spiller géinteneen un an dat um virtuelle Futtballsterrain vum Videospill FC26. D’Spill war virdrunner als Fifa bekannt, huet awer fir seng Editioun vun 2024 den Numm op FC geännert.

Et ass déi 6. Editioun vum Tournoi. All Spiller trëtt géinteneen un. Am ganze si 16 Lëtzebuerger Futtballveräiner vertrueden. D‘Spiller selwer kënnen awer aus dem Ausland sinn, esoulaang si an engem Club vum Grand Duché ageschriwwe sinn, dëst ass nämlech eng Konditioun fir kënne matzemaachen.

An der Finall den 18. Abrëll, gëtt dann decidéiert wéi e Spiller, an domadder och wéi e Club, Lëtzebuerg op internationalem Niveau representéiert. Op der eChampions League, genee esou wéi bei der FC Pro World Championship Play-Ins, kann de Gëwenner vum Lëtzebuergeschem Championnat sech da mat deenen anere Länner moossen.

Esou eng Victoire zu Lëtzebuerg, mécht net nëmmen d’Dier op fir International kënne matzemaachen. De Gewënner vum leschte Joer, den Ivanilson, huet no senger Victoire och ee Kontrakt mat engem professionelle Club aus Frankräich ënnerschriwwen.

Fir um professionellen Niveau am eSport ze spillen ass d’Preparatioun genee esou zäitopwänneg wéi bei engem Spiller vum Terrain.

“Do komme gäre puer Stonnen hannert dem Ecran zesummen, dëst erkläert de Sam Ross, den eSport Spiller vum FC Käerch. 5 Stonnen Training kommen an engem Dach mol gären zesummen. Et gëtt vill doheem an online gespillt, heiansdo och mat engem Coach.”

Et geet net nëmmen drëms vill Stonnen ze spillen, et muss een och déi sougenannte Meta, d’Fonctionnement vun engem Videospill, verstoen a beherrschen. All Spiller huet awer seng Aart a Weis sech op een Turnéier ze preparéieren. Esou och de Quentin Vande Wattyne vum UNA Strassen. Hie wiermt sech seng Hänn virun engem Match.

Fir den Ament ginn d’Veräiner nëmme vu männleche Spiller vertrueden. Do gesäit den Haaptsponsor och d’Responsabilitéit bei der Organisatioun. Dat probéieren si zesumme mat der FLF an den nächste Joren ze änneren.

Wien Lëtzebuerg dann elo representéiere wäert ass nach laang net decidéiert, bis elo war just ee vu 4 Spilldeeg. Déi nächst sinn:

2. Spilldag : 05/03
3. Spilldag : 19/03
4. Spilldag : 26/03

D’Final ass den 18. Abrëll.

Back to Top
CIM LOGO