
Domadder verdeedegt den Ivanilsonlpvm, Spiller bei Atert Biissen, säin nationalen Titel an der Futtball-Simulatioun EA FC elo scho fir déi 4. Kéier. Hie wäert dann och Lëtzebuerg dëst Joer um internationalen Niveau representéieren. Organiséiert gouf d’Finall och dës Kéier nees vun der FLF, der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun an Orange.
Wärend de leschte Wochen hu sech am ganze 16 Spiller aus 16 Lëtzebuerger Clibb ëm den Titel vum Champion géintenee gemooss. No enger intensiver Eliminatiounsphas, stounge sech e Samschdeg déi 8 beschte Spiller aus der 1. Divisioun géigeniwwer. Dëst waren de RafaMonteiro09, den ivanilsonlpvm, de ShadowW, de LouisLux8, de minivildand, den xfabinhoo_, de SaRo_09X an den danieq. Schlussendlech konnt sech, no enger ganzer Partie spannende Matcher, den Ivanilsonlpvm géint seng Géigner duerchsetzen a sech domadder den Titel vun der Editioun 2025 sécheren, wéi gesot scho fir déi 4. Kéier.

Elo geet et fir de Lëtzebuerger Richtung Manchester, wou vum 16.-18. Mee d’Gruppephase vun der eChampions League wäert sinn, e wichtegen Datum fir den neie Champion. Hei huet hien nämlech d’Méiglechkeet sech géint déi beschte Spiller op der Welt moossen a Lëtzebuerg um internationalen eSport-Parquet ze representéieren.
D’Barbara Fangille, Head of Communication bei Orange Luxembourg schwätzt dann och vun enger “exzeptioneller Saison”, déi “um Niveau vun der Competitioun nach méi usprochsvoll war, wéi déi Jore virdrun” an et hätt een och eng “grouss Begeeschterung beim Public” gespuert. Et gëtt nach eemol ënnerstrach, dass een zesumme mat der FLF kloer d’Zil hätt, jonk Talenter ze stäerken an d’Méiglechkeet ze ginn, op groussen internationale Kompetitiounen deelzehuelen.

Ënnert anerem kréien déi 8 Spiller, déi an d’Finall koumen, eng certifiéiert Formatioun bei LUNEX, dat am spezialiséierten Orange Digital Center zu Bartreng. All Joer géif Lëtzebuerg kloer u Visibilitéit op der internationaler eSport-Zeen gewannen a mat neien Talenter ëmmer méi e wichtege Roll spillen, sou de Gilles Faber, Responsabelen fir den eSport bei der FLF.
Déi 5. Saison vun der Orange eLeague war den Organisateuren no e grousse Succès: Op der enger Säit gouf et eng Rekord-Zuel u Participatiounen an der Qualifikatiounsphas, op der anerer Säit géif den Interessi op Twitch wärend de Livestreams an och fir d’Finall kloer unzéien. Iwwer 200 Matcher goufe wärend der Saison gespillt.
Divisioun 1
Divisioun 2
Divisioun 1:
Divisioun 2:
Hei ginn et alleguerten d’Resultater vun der 5. Saison vun der Orange eLeague a Biller vun der Finall: