D'Playoffs vun de FIFA 22 Global Series dauere vum 30. Juni bis den 3. Juli 2022 a ginn zu London gespillt.

D'Matcher vum Lëtzebuerger kann een op Twitch live e Donneschdeg vu 15 Auer u suivéieren. Klickt dofir einfach op dëse Link!

Weider Infoen zu de Playoffs vum Turnéier ginn et um offizielle Site vun EA.

Den “Ivanilson” Lopes Pinto Vaz Moreira huet 20 Joer a spillt FIFA22 fir den RM Hamm Benfica / FC Luxembourg City an och fir d'Nationalekipp. Hien huet 2022 Orange eLeague zu Lëtzebuerg gewonnen an ass och dofir zu London mat um Start.

RTL