Déiereschutzorganisatioun PETA fuerdert Nintendo op, Charakterdesign ze änneren

© Nintendo
Schonns an der Vergaangenheet huet PETA Spiller a Charaktere vun Nintendo kritiséiert, dorënner Animal Crossing an de Wäschbierkostüm vum Mario.
Am neie Spill Mario Kart World huet Nintendo probéiert, fir eng sëllegen nei Charakteren an d'Spill ze implementéieren. Dobäi huet déi japanesch Firma och op gelunge Charakteren zréckgegraff. Esou ass et zum Beispill méiglech, als Krabb, Schnéimann, Delfin oder Fliedermaus iwwert d'Piste vum Pilzkinnekräich ze düsen.
Ee vun den neie Charakteren, deen d'Nintendo-Fans direkt an d'Häerz geschloss hunn, war d'Kou, déi ee soss nëmmen als Niewecharakter op der Streck Kuh-Muh-Weide kannt huet, wou si als Hindernis dofir gesuergt huet, datt d'Spiller hu missen dacks an d'Wiss fueren, fir net mat hir ze kollidéieren.
Allerdéngs huet d'Kou net nëmme bei den Nintendo-Fans fir Opmierksamkeet gesuergt, mä och bei der Déiereschutzorganisatioun PETA. Dës kritiséiert Nintendo fir den Nuesrank, mat deem d'Kou duergestallt gëtt, a fuerdert Nintendo mat engem oppene Bréif un de Präsident Shuntaro Furukawa op, den Design vun der Kou ze änneren, soudatt dës an Zukunft ouni Nuesrank op de Pisten ënnerwee soll sinn.
PETA kritiséiert, datt d'Nuesréng an der industrieller Déierenhaltung zum Asaz géinge kommen, fir d'Kéi an d'Stéieren ze kontrolléieren. Dobäi wieren dës enger grousser Péng ausgesat, wouduerch d'Kéi an d'Stéieren an hirem Alldag ageschränkt wieren. Aus dësem Grond soll Nintendo, esou d'PETA, mat engem gudde Beispill virugoen, d'Kou ouni Nuesrank duerstellen an de Kanner domadder e bessert Bild vun der Déierewelt an der Déierenhaltung vermëttelen.
Follgend Bild huet d'PETA verëffentlecht, fir hir Meenung ze ënnersträichen:

© PETA.org
Wat ass Är Meenung? Deelt Dir d'Usiichte vun der Déiereschutzorganisatioun oder sidd Dir der Meenung, datt do vill Kaméidi fir näischt gemaach gëtt? Loosst eis et mat engem Kommentar wëssen.