
Souwuel an der méi niddreger Halleffinall, wéi och an der méi héijer Halleffinall kënnt et zu veräinsinternen Dueller. D’Gewënner vun der Teams-Editioun, den LxbFIFAan an de LouisLux8 hunn iwwerraschenderweis all Kéiers ee Match um Wee an d’Halleffinalle verluer, a sech stinn elo an der “lower semifinal” géigeniwwer.
Déi zwee Nidderkuerer, den Ivanilson an xfabinhoo_ hunn d’Qualifikatioun ouni Néierlag iwwerstanen a spillen an der “Upperfinal” géinteneen ëm eng Plaz an der Grand Final.
All d’Informatioune vum éischte Qualidag fannt Dir hei!Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum Turnéierbaam.