
Nodeems leschte Weekend d’Finall vun den Ekippe gespillt gin ass, geet et elo am Eenzel weider. Gespillt gëtt an engem “Double Elimination Bracket” mat Aller-Retour Matcher, wou een eng 2. Chance am Fall vun enger Néierlag huet.
D’Spiller vun den 4 beschten Ekippen vum Ekippechampionnat si schonn fir de 24. Mee qualifizéiert, bei där d’Top 16 vertrueden ass.
4 Spiller qualifizéiere sech fir d’Finall den 10. Juni wou dann déi 2 Plaatzen fir d’"EA SPORTS FIFA23"-Global Series ausgespillt ginn.
Spills du FIFA an wëlls déi bescht Spiller aus dem Land erausfuerderen, da mell dech hei un!