Start vun der Orange eLeague 2025E Mëttwoch ginn déi éischt Matcher vun der Saison gespillt

David Winter
Um 19 Auer e Mëttwoch den Owend geet et lass, dat Ganzt kann een natierlech wéi gewinnt och dëst Joer nees iwwert de Livestream op Twitch suivéieren!https:
© Orange eLeague / FLF

Domadder start e Mëttwoch den éischte Livestream vun der Orange eLeague Saison 2024-2025. Iwwerdroe gëtt wéi gewinnt iwwer Twitch. Lass geet et um 19 Auer.

Hei d’Matcher vun dësem éischte Spilldag:

bossAC2509 - FC Mamer 32 vs Mokado – Blo-Wäiss Medernach

xfabinhoo_ - Jeunesse Esch vs SaRo_09x - FC Käerch

ivanilsonlpvm - Fc Atert Bissen vs LouisLux8 - Jeunesse Canach

Allinho54 - Union Titus Pétange vs Shadoow - FC Progrès Niederkorn

Wéi schonn d’Saison virdrun, gëtt och dëst Joer nees de Stream vu “Foqus” an “Orange” op d’Been gestallt, Kommentatore sinn nees de Christian Welter an den Dorian Mercier.

Hei geet et bei all d’Resultater vun de Matcher! Weider Informatioune ginn et op Facebook, Instagram, X an um offiziellen Internetsite.

© Orange eLeague / FLF

De Livestream vun der Orange eLeague op Twitch

Back to Top
CIM LOGO