
Bei de POST esports Masters handelt et sech ëm e Lëtzebuerger Online-Gaming-Turnéier. D’Saison, déi schonn Ufank dës Joers ugefaangen huet, kënnt dann elo dëse Weekend op en Enn, dat am Forum Geesseknäppchen an der Stad. Hei wäerten d’Matcher dann och ausnamsweis alleguerten offline gespillt ginn, dat op der grousser Bün viru Public. Dës Partien wäerten awer dofir online iwwerdroe ginn.
D’Entrée ass iwwregens gratis, et kënnen awer Done gemaach ginn, déi dann am Kader vum Kampf géint de Kriibs un den Télévie ginn.
Bei dësem Turnéier wäerten déi beschte Spiller aus Lëtzebuerg, awer och aus der Groussregioun matmaachen, dat an de Spiller League of Legends, Valorant a Rocket League.
Op der Plaz am Forum Geesseknäppchen kënnen d’Visiteuren dann awer och selwer op verschiddene Plazen an der Hal zocken, respektiv Simulatoren ausprobéieren.
Samschdeg 6. Juli
9:30 - Start
10:00 - Halleffinalle vu League of Legends (Demi-finales)
13:15 - 14:00 - “Mëttegpaus”
14:00 - Valorant (Halleffinallen)
17:00 - 17:20 - 2. Paus
17:20 - Halftime Show
17:30 - Rocket League (Halleffinall 1)
18:15 - Rocket League (Halleffinall 2)
19:00 - Rocket League (Finall ëm déi 3. Plaz)
20:00 - Rocket League (Grouss Finall)
20:45 - Rocket League (Präisiwwerreechung)
Sonndeg 7. Juli
9:30 - Start
10:00 - Valorant (Finall)
13:30 - Valorant (Präisiwwerreechung)
13:50 - Halftime Show
14:00 - League of Legends (Finall)
17:30 - League of Legends (Präisiwwerreechung)
18:00 - Enn vum Event