
Wéi erwaart huet Lëtzebuerg sech méi schwéier gedoen an de Playoffs, dat well natierlech den Niveau hei extrem héich ass. Ma trotzdeem konnt d’Ekipp aus dem Grand-Duché sech nach gutt placéieren, sou dass um 2. Spilldag nach alles dran ass.


Am Match géint Däitschland huet Lëtzebuerg 2-5 verluer, géint Holland trenne sech d’Rout Léiwe 5-5, géint Albanien gouf et eng 3-2-Victoire a géint Russland zitt Lëtzebuerg mat 1-4 de Kierzeren.
Den 2. Spilldag ass dann de 17. Mee. Hei de komplette Programm vun deem Matchday!
