
Dësen Online-Championnat am FIFA 21 fänkt dann elo am Mäerz un, déi grouss Finall ass fir de 15. a 16. Mee geplangt. D’Clibb déi bei dësem Championnat matmaachen, sinn déi aus deenen zwou ieweschten Divisiounen, also der BGL-Ligue an der Éierepromotioun.
Gespillt gëtt mat 32 Ekippen mat all Kéiers 2 Spiller. Et ginn 8 Gruppen an dëser Liga a 6 Spilldeeg. Et gëtt nom System vun den “Double Elimination Playoffs” gespillt, et geet ëm e Präisgeld vun am ganzen 7.250 Euro.
Lass geet et den 9. Mäerz.

All Equipe besteet aus zwee Spiller, déi awer net onbedéngt eng Lizenz am Veräi mussen hunn. Déi zwee Bescht qualifizéieren sech fir d’"EA Sports FIFA 21 European Play-Offs"-Prequalifikatioun. Gespillt gëtt op der Playstation 4.

