Orange eLeagueHesper, Steesel a Kanech deele sech och nom 2. Spilldag weider déi éischt Plaz

David Winter
Nom 2. Matchdag an der Orange eLeague huet sech an der Tabelle op den éischte Plazen wéineg geännert. Hei en Iwwerbléck!
© Orange eLeague

No bis ewell 7 gespillte Matcher pro Ekipp sti Steesel, Hesper a Kanech mat 21 Punkten op der éischter Plaz, eenzeg d’Golverhältnis ass liicht anescht, sou dass Steesel am Moment op der 1. Plaz läit. Mat 21 Punkten hunn déi 3 Ekippen da bis ewell och nach kee Match verluer.

© Orange eLeague

Op déi lescht Plazen, mat all Kéiers 0 Punkten aus de leschte 7 Renconteren sinn Red Boys Aspelt an CS Fola Esch-Alzette.

Nächste Spilldag ass e Mëttwoch an 2 Wochen.

Back to Top
CIM LOGO