Am ReplayKuckt Iech den 2. Spilldag vun der Orange eLeague nach eemol a Rou un

RTL Lëtzebuerg
Iwwert 8 Wochen zitt sech dës 2. Saison vun der Orange eLeague, déi 2021 seng Première zu Lëtzebuerg hat. RTL huet um Mëttwoch den 2. Spilldag gestreamed.
Orange eLeague
Den 2. Spilldag vun der Competitioun am Replay!

Dëse Mëttwoch goufe 4 Matcher iwwerdroen, deen éischte Match war d’Zesummentreffen tëscht dem UN Käerjeng 97 (Kevin Vieira a Diogo Miguel Sousa Santos) an dem RM Hamm Benfica (Ivanilson Lopes a Joé Oliveira Faustino).

Och dës Saison gëtt nees live hei op RTL.lu, RTL Play an natierlech dem offiziellen Twitch-Stream iwwerdroen. Sou verpasst dir kee Match vun der aktueller Orange eLeague-Saison am Fifa22. E Mëttwoch den Owend um 18.45 fänkt den 2. Spilldag vun der Orange eLeague un.

Hei geet et op den offizielle Site vun der Orange eLeague!

Back to Top
CIM LOGO