
De 7. Abrëll huet Lëtzebuerg scho 4 Matcher gespillt. Am Match géint Frankräich hëlt Lëtzebuerg 1 Punkt, dat mat Hëllef vun engem Remis (0:0). Den 2. Match verléiert Lëtzebuerg 0:2.
An der Partie géint Dänemark gëtt wënnt Lëtzebuerg eemol 3:1 a verléiert eemol mat 2:4, wat 3 Punkte fir Lëtzebuerg bedeit.
Déi 2 Matcher géint Holland dogéint verléiert Lëtzebuerg mat 0:1 an 1:2, also keng Punkten aus Lëtzebuerger Siicht.
An och géint England hat Lëtzebuerg wéineg Chance, dat mat eemol enger 0:1- an eemol enger 1:4-Defaite, also 0 Punkten.
Dir kënnt d’Matcher vun e Freideg am Livestream op Twitch suivéieren!
E Freideg spillt Lëtzebuerg géint Israel, dat um 17:00 Auer, um 17:55 Auer geet et da géint d’Tierkei an um 18:50 Auer steet de leschte Match vun de Prequalifikatiounen un, do da géint Ungarn. Déi 3 bescht Ekippen pro “Conference” qualifizéieren sech fir d’Playoffs vun de FIFAe Nations Series 2022.Hei geet et op den offizielle Generalklassement vun der FIFA!
De Lopes Pinto Vaz Moreira aka “Ivanilson” (Foto riets) huet 19 Joer a spillt beim RM Hamm Benfica. Hei geet et op säin Twitch, Facebook, Instagram an Twitter-Profil.
De Georges Geraldo aka “Lxbfifa” (Foto lénks) huet 22 Joer a spillt bei Swift Hesperange. Hei geet et op säin Twitch, Facebook, Instagram an Twitter-Profil.
1. Dag, Divisioun 2 / 16.-17.12.2021

2. Dag, Divisioun 1 / 27.-28.01.2022

3. Dag, Divisioun 3 / 10.-11.03.2022
