
Lass geet et e Samschdeg um 11 Auer am Shopping Center vun der Cloche d’Or, dat um sougenannte “Golden Square”, op deem sech wéi gesot déi bescht 8 Spiller vun der Saison 2025 moosse wäerten. Och d’Top 4 vun der 2. Divisioun sinn hei um Samschdeg present, fir géinteneen unzetrieden.
Déi 8 beschte Spiller sinn dës Kéier déi vun Diddeleng, Kanech, Biissen, Nidderkuer fir den Upper Bracket, a Stroossen, Ëlwen, Esch a Käerch fir de Lower Bracket.
Wien d’Finall am Stream suivéiere wëll, dee kann dat maachen, an zwar iwwert den offiziellen Twitch-Stream vun der Orange eLeague, oder de Replay um offizielle FLF Youtube-Kanal. D’Finall wäert bis ongeféier 16 Auer daueren.

Facebook : www.facebook.com/OrangeEleagueLu
Instagram : www.instagram.com/eleaguelu
X : www.twitter.com/eleaguelu
Twitch : www.twitch.tv/eleague_lu
Youtube : https://www.youtube.com/flf_luxhttp://www.twitch.tv/eleague_lu