
E Samschdeg goung et dann als éischt ëm d’Finall vun den Ekippen, an deene sech RM Hamm Benfica an U.N. Käerjeng ’97 géintenee stoungen. Hei konnt sech Hamm duerchsetzen an den Titel sécheren. Käerjeng hëlt domadder déi 2. Plaz an an den FC Swift Hesper kënnt op déi 3. Plaz.
An den individuelle Finallen e Sonndeg ass et den LXBFIFA deen sech géint den XFABINHOO kann duerchsetzen. Op déi 3. Plaz kënnt den IVANILSON.

Weider Infoen an Informatioune ginn et op der Facebook-Säit vun der Orange eLeague.
De Replay vun de Finallen an natierlech och de Vironnen an de Playoffs gëtt et op RTL Play!