
Déi komplett Tabell nom éischte Spilldag fannt dir hei!
Déi dräi Favoritte sinn op den dräi éischte Plaze mat jeeweils 3 Matcher gewonnen. An engem Remake vun der Finall vun 2024 huet sech den “ivanilsonlpvm " mat 4-3 géint de Louislux8 behaapt. De Match géint den “xfabinhoo_” huet de “Louislux8" awer gewonnen, dat mat 7-3.
An engem weideren Duell vun den eSports-Nationalspiller hu sech den “xfabinhoo_” a “SaRo_09x” sech d’Punkten um Enn gedeelt, hei ass d’Partie mat 5-5 ausgaangen. Den “Allinho54" huet sech géint säi belsche Kompatriot “Shadoow” mat 7-4 duerchgesat. De Gewënner vun der 2. Divisioun “Mokado” ass mat 6 vun 9 Punkte gutt an d’Saison gestart. Fir de Recht gin et lo keng grouss Iwwerraschungen.
Den nächste Spilldag ass den 26. Februar a gëtt erëm live ob Twitch iwwerdroen.
