De 4. Spilldag vun der Orange eLeagueSwift Hesper bleift de Leader an der Tabell

David Winter
De Swift Hesper ass nom 4. Spilldag vun der Orange eLeague weiderhin Tabellenéischten ouni een eenzege Punkt ofginn ze hunn.
Orange eLeague 2023
De 4. Spilldag vun der Saison an der Team Edition

De Progrès Nidderkuer ass déi eenzeg Ekipp, déi den Uschloss zum Swift hale kann, wärend d’Plazen 3 bis 6 onverännert bleiwen. D’Union Réimech-Bous konnte sech am Stream live géint d’UN Käerjeng an hiren 3 Matcher duerchsetzen an hunn och am Topmatch géint Marisca Miersch 7 Punkte kënnen huelen.

De Match Union Réimech-Bous géint UN Käerjeng 97, wéi och all déi aner Spilldeeg, kënnt Dir op RTL Play a Rou nach eemol kucken.

De Bléck no ënnen an d’Tabell verréit dass d’UN Käerjeng a Vinesca Ehnen den Uschloss zu den Ekippen virun hinne verluer hunn.

Hei de komplette Gesamtklassement

Hei huet een d’Resultater vun den eenzele Spilldeeg op ee Bléck!

Back to Top
CIM LOGO