Teams Edition an der Orange eLeague 2023Swift Hesper setzt sech géint de Progrès Nidderkuer an der Finall duerch

David Winter
Um Wee fir an d’Finall hu sech Hesper mat 8-2 géint Alisontia Steesel behaapt, während och de Progrès kloer mat 7-1 géint Union Réimech-Bous gewonnen hunn.
D'Finall vun der Orange eLeague
Hei d’Highlighten vun der Finall an der Team Edition

Déi drëtt Plaz konnte sech de MamelMu an de Rainbow6David9 fir Réimech sécheren, nodeems se mat 5-4 no Verlängerung géint den i_am_innocents and de SaRo_09x vu Steesel gewonnen hunn.

An der grousser Finall koum et dunn zum Openeentreffe vun de véier Lëtzebuerger Nationalspiller, wou de LouisLux8 an den LxbFIFA fir de Swift Hesper géint de Progrès Nidderkuer mam Ivanilson10 an xfabinhoo_ den Titel aféiere konnten.

Mat 4-2 fir Hesper ass dëse Match zum Schluss op en Enn gaangen.

All d’Matcher kënne wéi gewinnt op RTL Play gekuckt ginn!

Hei d’Resultater vun de Final Four:

Back to Top
CIM LOGO