
E Mëttwoch war elo schonn deen 3. Spilldag an der Orange eLeague, an et ass spannend, well hei steet elo U.N. Käerjeng 97 mat 30 Punkten op der 1. Plaz an der Tabell. Op der 2. Plaz kënnt den Tabellen-Éischten vun der Woch virdrun, nämlech d’Unioun Réimech/Bous mat och 30 Punkten.
Op de leschter Plaz steet den Ament FC Alliance Äischdall mat 7 Punkten.
Eng Partie Matcher vum 3. Spilldag ginn nach nogeholl. D’Resultater ginn, soubal d’Partië gespillt goufen, natierlech nogereecht an aktualiséiert.

