
Lass geet et e Samschdeg um 12 Auer am Shopping Center vun der Cloche d’Or, dat um 1. Etage tëscht dem Lineheart a Cosmos Paris. Hei wäerten dann déi 8 beschte Spiller géinteneen untrieden, dat da wären: Kanech, Hesper Käerch, Steesel, Biissen, Nidderkuer, Suessem a Mamer.
Wien d’Finall am Stream suivéiere wëll, dee kann dat maachen, an zwar iwwert den offiziellen Twitch-Stream vun der Orange eLeague. Dëse Stream gëtt nees an Zesummenaarbecht tëscht Orange a Foqus organiséiert. D’Finall wäert bis ongeféier 17 Auer daueren.

De ganze Programm mat all de Resultater gëtt et och nach eemol an der ganzer Iwwersiicht hei!
D’Format dat gespillt gëtt fir d’Finall ass en Turnéier mat enger duebeler Eliminatioun mat engem “Upper Bracket” an engem “Lower Bracket”. De Gewënner qualifizéiert sech da fir d’Gruppephas vun der “eChampions League”. Sur Place ginn et dann och Gewënnspiller, bei deenen et ënnert anerem eng Playstation 5 ze gewanne gëtt.Umellen als Visiteur kann een sech iwwert dëse Link!
Facebook : www.facebook.com/OrangeEleagueLu
Instagram : www.instagram.com/eleaguelu
X : www.twitter.com/eleaguelu
Twitch : www.twitch.tv/eleague_lu
Youtube : https://www.youtube.com/flf_luxhttp://www.twitch.tv/eleague_lu