
De Circuit of the Americas huet eng nei Attraktioun. Am US-Bundesstaat Texas ass ee gewinnt, dass alles eng Nummer méi grouss ass. E 75 Fouss (ronn 23 Meter) héije Cowboyshutt, deen dee gréisste vun der Welt soll sinn, ass nieft dem Circuit presentéiert ginn. E wäert an d'Guinness-Buch vun de Weltrekorder stoe kommen.
De Chef vun der Rennstreck Epstein war der Meenung, dass de Circuit eng Touristenattraktioun bräicht, déi e Guinness-Rekord duerstellt an och baussent engem Formel-1-Weekend Leit kéint unzéien. Dat géing mat engem grousse Cowboyshutt, deen am Texas all Dag am Gebrauch ass, besser goen, wéi mat iergendengem Zelt, sou den Epstein.
Ënnert dem Hutt fënnt een e Bar am Western-Stil an op enger Aart Danzpist si Line-Dance-Virféierungen a Lasso-Demonstratioune geplangt. Dat besonnescht Bauwierk soll nom Grousse Präis vun den USA bestoe bleiwen an net ofgerappt ginn. Domat huet de COTA nieft dem Aussiichtstuerm, deen un eng Klapperschlaang erënnert, eng weider Touristenattraktioun.
Zu Austin hu se also scho virum Formel-1-Weekend e Weltrekord opgestallt. E weidere kéint e Sonndeg den Owend gebrach ginn. De Sebastian Vettel ass mat 23 Joer an 133 Deeg dee bis elo jéngsten F1-Weltmeeschter vun allen Zäiten. De Kimi Antonelli, dee sech dëse Weekend den Titel séchere kann, ass Enn August grad emol 20 Joer al ginn...