
Hefter eraus, mir maachen e bësse Weltmeeschter-Arithmetik! De Kimi Antonelli kënnt mat 102 Punkten Avance op Austin. No Austin bleiwen nach 125 Punkten ze verdeelen. Dat heescht, wann den Antonelli seng Avance ëm 23 Punkten ausbaut, ass hie Weltmeeschter.
Dofir mussen awer dräi Konditiounen erfëllt sinn:
Mir ginn zou: d'Chancen, dass d'Stären sech genee esou alignéieren, sti relativ schlecht. Mee egal, Matchball ass Matchball.
Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl war selwer 7 mol dobäi wéi ee vu senge Pilote Weltmeeschter gouf, a weess, wéi déi mat esou enger Situatioun ëmginn: “Kloer, fir ee jonke Kimi Antonelli kann dat awer nach eng zousätzlech Belaaschtung sinn. Mam néidegen Encadrement ass et awer relativ einfach, him kloerzemaachen: ‘Konzentréier dech op däi Gefuers an op däi Weekend. De ganze Rescht geschitt vu ganz eleng, looss et einfach passéieren.’ Den eenzege Moment, wou wierklech Stress oder Spannung opkënnt, ass, wann den Titel an der leschter Course gefuer gëtt. Do ass natierlech keen Droit à l’erreur méi do, deementspriechend klëmmt domadder och den Drock.”
Mee wann den Antonelli schonn dëse Weekend Weltmeeschter gëtt, wäert hien den Dag drop keen décke Kapp hunn. Am Texas däerfe Jonker ënnert 21 keng eenzeg Drëps Alkohol drénken an den Organisateur huet schonn annoncéiert, dass do um Formel-1-Podium keng Ausnam gemaach gëtt.
Souwisou wäert ee Konkurrent alles dru setzen, fir dass Mercedes d'Weltmeeschter-T-Shirte guer net auszepake brauch. Den Dominique Riefstahl iwwert d'Austin-Favoritten: “Mat staarke Performancen an de leschten dräi Courssen an zwou Victoire fir de Max hannerteneen ass kloer, dass Red Bull eng gewësse Favoritteroll iwwerhuele muss. Gläichzäiteg ass Mercedes duerchaus capabel, well si den Auto stabil halen, an net déi ganzen Zäit Stécker matbréngen, relativ séier hiren Auto ze verstoen, ze léieren, wéi se dee mussen astellen, fir Performance erauszekëddelen, a fir de Rescht vun der Saison konkurrenzfäheg ze bleiwen.”
Austin wäert och dëst Joer ee grousst Fest ginn, d'Formel 1 ass an de States esou populär wéi nach ni. Dat Eenzegt, wat feelt, ass en amerikanesche Pilot. De Colton Herta gouf laang Zäit als grouss Hoffnung gehandelt, mee seng Formel-2-Saison ass ee Flopp. Den Dominique Riefstahl ass net iwwerrascht, dass d'Indycar-Spezialiste bei eis kee Fouss op de Buedem kréien, well d’F1-Autoen am direkte Verglach technesch vill méi komplex sinn. Op d'mannst am éischte Fräien Training däerf de Colton Herta sech awer sengen US-Fans presentéieren. Da sëtzt hien am Cadillac vum Sergio Pérez.
Sou, wat hu mer dann nach an der Këscht mat den Ersatzstécker leien? Hmmh... Ok, hei ass nach eng T8 aus Istanbul. Wow, e Stéck Motodrom aus Hockenheim! Ohh, Esses aus Suzuka, pas mal!
Ongeféier esou ass de Circuit of the Americas wuel entstanen. Mee wat no Verwäertung vu Reschter kléngt, ass a Wierklechkeet e Michelin-Stär wäert!
Den Tracé ass nämlech vill méi technesch, wéi een op den éischte Bléck menge géif. Extrem vill Kéieren hunn en onreegelméissegen Apex (dat heescht méi fréi oder méi spéit, jee nodeem wat duerno kënnt), verlaangen eng onorthodox Ligne a virun allem Präzisioun iwwer eng ganz Sequenz vu Kéieren.
Well esou vill Finessen d'Pilote jo soss ënnerfuerdere géif, ass den Tracé e plus op Sumpfgebitt gebaut. De Buedem beweegt sech, an domat gëtt den Teppech mat der Zäit ëmmer méi welleg. Zwar ass de Bedreiwer beméit, d'Knubbele reegelméisseg glat ze schläifen, mee och do kënnt een alt emol u seng Limite. Iergendwann ass einfach net méi genuch Déckt iwwreg. Wat bleift, ass en Tracé, op deem d'Knubbelen eng weider Dimensioun aféieren an duerchaus d’Ligne, de Bremspunkt oder d'Balance vum Auto bemierkbar beaflossen.
"They say everything is bigger in Texas." D'Erausfuerderung och! Well en plus ass d'Vitess-Fënster, an där den Auto muss operéieren, extrem breet: vun der 60-km/h-Spatzkéier op engem Enn vum Circuit bis hin zur 260-km/h-Istanbul-Memorabilia.Den Energie-Management däerft net allze vill Nerve kaschten, virausgesat d'FIA weist sech generéis mat der Recuperatioun iwwer déi ganz Ronn. U Brems- an Deellaaschtphasen feelt et hei op alle Fall net.
Insgesamt misste mer eis also op Spektakel astelle kënnen. Aus Ingenieurs- a Pilotesiicht ass de Challenge op alle Fall proportional zur Selbstaschätzung vum lokale Staatschef.
