
Den Tiago Pereira Cardoso ass aktuell vu Gladbach un de belsche Veräin La Louvière ausgeléint, fir do méi Spillzäit wéi an Däitschland ze kréien. Well den 20 Joer alen Nationalgolkipp do net wierklech zum Zoch kënnt, denkt Gladbach doriwwer no, fir de Prêt am Wanter réckgängeg ze maachen. Dës Informatioun huet op d'mannst d'Zeitung "Der Westen". Hie stoung och beim 3:0 vu senger Ekipp géint Kortrijk net am Kader.
Als Grond nennt déi däitsch Zeitung, dass eigentlech virgesi war, dass déi aktuell Nummer 1 vu La Louvière, de Marcos Peano, de Veräin wiessele sollt. Dësen Deal war awer um leschten Dag vun der Transferperiod geplatzt. Domat muss de Pereira Cardoso weider op der Bänk Plaz huelen. De Sportdirekter Rouven Schröder gëtt vum "Westen" zitéiert: "Wann d'Situatioun sou bleift, wäerte mir am Wanter reagéieren".
An der portugisescher Liga huet Benfica Lissabon 3:1 géint Gil Vicente gewonnen. Benfica war fréi hannen, mee konnt nach virun der Paus ausgläichen. Déi decisiv Goler fir Lissabon sinn eréischt kuerz viru Schluss gefall. De Leandro Bareiro stoung an der Startformatioun, gouf awer an der 58. Minutt ausgewiesselt. Benfica bleift domat Zweeten an huet zwee Punkte Réckstand op den FC Porto.
Mannheim dueft sech an der drëtter däitscher Liga mol nees iwwer dräi Punkte freeën. De Waldhof, wou de Vincent Thill spillt, huet sech 1:0 bei Wehen-Wiesbaden duerchgesat. Den Thill gouf an der 63. Minutt agewiesselt, do war den decisive Gol awer scho gefall. Kuerz no senger Awiesslung huet hie Giel gesinn.
A Georgien huet Dinamo Batumi mat Dila Gori 2:2 gedeelt. Batumi, de Veräin vum Dirk Carlson an Enes Mahmutovic, bleift weiderhin Tabelleleader mat engem Punkt Virsprong op Rustavi. De Carlson huet 90 Minutten duerchgespillt, wärend de Mahmutovic an der 77. Minutt agewiesselt gouf an onglécklecherweis duerch e Selbstgol fir den Endstand gesuergt huet.
Besser ass et dogéint fir den drëtte Lëtzebuerger a Georgien, de Vahid Selimovic, gelaf. Um 26. Spilldag huet sech seng Ekipp Iberia 1999 mat 1:0 géint Spaeri behaapt an ass just nach 4 Punkten hannert Batumi. De Selimovic gouf fréi mat Giel verwarnt, huet awer duerchgespillt.
Fir den Danel Sinani a säin neie Veräin Sampdoria Genua leeft et net gutt an der Serie B. No véier Spilldeeg steet Genua mat just engem Punkt op der leschter Plaz. Géint Mantova gouf et déi drëtt Néierlag (0:2). De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 72. Minutt agwiesselt, konnt awer keng Akzenter méi setzen.
An der 3. Liga an Däitschland stoung den Aiman Dardari bei Rot-Weiß Essen fir d'éischter Kéier an der Startformatioun. Um Enn huet ee sech mat 6:2 géint Würzburg duerchgesat. De Lëtzebuerger gouf beim Stand vun 3:0 an der 60. Minutt ausgewiesselt. Duerch d'Victoire steet Essen elo op der zweeter Tabelleplaz.
Am belsche Championnat huet Beveren mam Laurent Jans mat 2:0 géint Saint-Trond gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung wéi gewinnt als Kapitän um Terrain an huet de Match duerchgespillt. Duerch d'Victoire huet den Opsteiger sech op déi 8. Plaz an der Tabell verbessert.
An der 2. Liga an der Tierkei gouf et eng kloer 4:0-Victoire fir Bodrum mam Tomas Moreira. De Lëtzebuerger hat géint den Tabelleleader Petrolspor den 1:0 virbereet. An der 62. Minutt gouf de Lëtzebuerger ausgewiesselt. An der Tabell steet Bodrum op der 14. Plaz.
An der englescher Premier League stoung de Brian Madjo net am Kader bei Aston Villa. De Lëtzebuerger ass blesséiert a courréiert eng Blessur um Knéchel aus. Wéini hien nees um Terrain steet ass den Ament nach net kloer. Aston Villa huet iwwerdeems mat 1:2 géint Nottingham Forrest verluer.
E Freideg den Owend hat an der 3. däitscher Liga Hansa Rostock mam Florian Bohnert keng Chance géint Victoria Köln. Mat 0:4 huet een de Kierze gezunn. De Lëtzebuerger gouf an der Paus beim Stand vun 0:2 ausgewiesselt. An der Tabell huet Köln Rostock iwwerholl.
An der italieenescher Serie B huet Hellas Verona mam Seid Korac 1:3 bei Benevento Calcio verluer. De Lëtzebuerger hat an der 63. Minutt Giel gesinn, huet awer bis zum Schluss gespillt. Fir Hellas Verona war et déi zweet Victoire no véier Spilldeeg.