Kane, Yamal, Mbappé,...?Ballon d'Or-Zeremonie haut den Owend zu London

RTL Lëtzebuerg
Wie gewënnt de Ballon d'Or 2026? Den Owend ass zu London déi offiziell Zeremonie.
© Photo by MATTHIEU MIRVILLE / MATTHIEU MIRVILLE / DPPI VIA AFP

Den Harry Kane gëllt als Favorit fir de Ballon d’Or. Den englesche Kapitän huet an der leschter Saison 73 Goler a 65 Matcher fir Bayern München an England geschoss an ass mat Bayern Champion a Pokalgewënner ginn. Konkurrenz kritt hie virun allem vum Lamine Yamal a vum Kylian Mbappé.

De Yamal war d'lescht Joer Zweete beim Ballon d’Or, hannert dem Ousmane Dembélé. Hie konnt seng Saison wéinst enger Verletzung awer net komplett spillen. Den Mbappé huet dogéint individuell staark Statistike virzeweisen: Hie war beschte Buteur an der "La Liga", an der Champions League an op der WM, huet awer kee vun deenen Titele gewonnen. Mat 10 WM-Goler ass hien elo Rekordbuteur vun der Weltmeeschterschaft.

De Ballon d'Or gëtt dëst Joer fir d'éischte Kéier zu London iwwerreecht. Beim Frae-Ballon-d'Or gëllt d'Alexia Putellas als Favoritin op hir drëtt Auszeechnung, hir gréisste Konkurrentin ass d'Ewa Pajor.

RTL-Ëmfro

Ballon d'Or - Gewënner vun de leschte Joren
1956 - 2025

Back to Top
CIM LOGO