Futtball-Championnat: BGL LigueDe Racing iwwerrennt d'Jeunesse, Victoiren och fir Nidderkuer an Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war et d'Suite vum 7. Spilldag an der BGL Ligue.
Fir Déifferdeng gouf et verdéngt dräi Punkten.
Fir Déifferdeng gouf et verdéngt dräi Punkten.
© Val Wagner

Nodeems e Freideg den Owend Käerjeng Rouspert beim 5:0 keng Chance gelooss hat, gouf et och um Samschdeg eng héich Victoire. De Racing huet de Match géint d'Jeunesse mat 5:1 dominéiert. Vun der éischter Minutt un huet de Racing d'Partie an d'Hand geholl, ma well déi lescht Pass dacks ze onpräzis war, ass den éischte Gol eréischt an der 29. Minutt duerch den Delferriere gefall. Bis d'Paus huet de Stolz mat zwee weidere Goler de Score op 3:0 erhéicht. An der 56 Minutt huet de Stolz dunn och fir de 4:0 gesuergt. D'Jeunesse konnt an der 61. Minutt op 1:4 verkierzen, ma méi war um 7. Spilldag fir déi Escher net dran. An der 87. Minutt huet de Kante fir d'5:1-Schlussresultat gesuergt.

Déifferdeng hat keng Problemer beim Opsteiger Etzella. Duerch e fréiere Gol vum Sébastien Thill gouf et en 1:0-Succès.

De Progrès Nidderkuer huet zu Wolz mat 2:1 gewonnen. D'Gäscht haten de bessere Start erwëscht an hunn de Match iwwer laang Strecke kontrolléiert. Den Hadji hat Nidderkuer an der éischter Hallschent a Féierung bruecht, ier hien no der Paus mat sengem zweete Gol vum Owend op 2:0 erhéicht huet. Wolz huet sech awer ni opginn an an der Schlussphas nach emol alles no vir geworf. No enger gudder Flank vum Hassaini konnt de Schroeder per Kappball op 1:2 verkierzen an domat nach eng Kéier Spannung an d'Partie bréngen. D'Haushären hunn an de leschte Minutten nach emol alles probéiert, mee de Progrès huet de Virsprong mat vill Asaz iwwer d'Zäit bruecht.

Diddeleng an Hueschtert hu sech mat engem 0:0 getrennt.

E Sonndeg ginn nach dräi Partië gespillt. Um Menü ënnert anerem de Spëtzematch tëscht Munneref a Stroossen. Béid Veräiner si bis ewell nach ouni Punktverloscht. D'Partie kënnt Dir vu 15:55 Auer un am kommentéierte Livestream an der RTL Live Arena an am Liveticker op RTL.lu suivéieren.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO