Virschau op d'Futtballsaison bei den DammenDräi Opsteiger, vill Wiesselen an ee grousse Favorit

Ben Schlammes
Wärend ee beim Racing alles drop setzt, fir den Doublé eng weider Kéier ze verteidegen, huet d’Konkurrenz dohannert net geschlof a sech gutt verstäerkt. Mat engem enken Tabellemëttelfeld an dräi Opsteiger dierft een och am Kampf ëm de Play-Off, sou wéi ëm de Verbleif an der Liga eng spannend Saison erwaarden.
De Racing huet an der Saison 25/26 den Doublé aus Championstitel a Coupe realiséiert.
© Val Wagner

Nodeems de Stater Racing an de leschte sechs Joer de Championstitel sechs Mol feiere konnt an dobäi insgesamt just dräi Matcher verluer huet, kritt de Fusiounsveräin och 2026/27 d’Favoritteroll zougeschriwwen. Trotz den enttäuschende Resultater an der Champions-League-Qualifikatioun weist ee sech beim Seriechampion optimistesch. "Eist Zil ass et, den Doublé ze verteidegen a mir freeën eis, dass de Championnat endlech ufänkt", sou d'Nationalspillerin vum Racing Marta Estévez García. Bis op hir Topscorerin Sophie Quatrana, déi op Elversberg an déi däitsch Regionalliga gewiesselt ass, konnt een op alle Schlësselpositiounen de Kader vum leschte Joer zesummenhalen. Gespaant dierft een am Laf vun der Saison op de Geschwësterduo Charlie a Caroline Jorge sinn. D’Charlie Jorge ass am Summer vu Jonglënster an d’Stad gewiesselt an d’Caroline Jorge kuréiert aktuell nach eng schwéier Knéiverletzung aus.

Déifferdeng an de Swift viséieren d'Spëtzeplazen

Als amtéierende Vizechampion huet och den FC Déifferdeng mam Amy Thompson (Karriärsenn) seng bescht Stiermerin verluer. A puncto Transferten huet Déifferdeng dogéint awer richteg zougeschloen. Den neien Trainer Julien Turnau huet direkt sechs Spillerinnen, déi hien d’lescht Saison nach zu Jonglënster bei sech am Kader stoen hat, mat an de Süde geholl. Donieft huet ee sech mat weidere bekannten Nimm aus der Liga, wéi dem Betty Noel an dem Léa Pizzimenti geziilt verstäerkt. "Mir hunn ee gudde Kader an hu vill Frëndschaftsmatcher gespillt, wat bei sou ville Wiessele wichteg ass. Et ginn nach Saachen, un deene mir schaffe mussen, mee dat kënnt mat der Spillpraxis", erkläert d’Kapitänin Marisa Soares. "D’Zil ass op jiddefalls, uewen ëm d’Topp 3 matzespillen."

Mat änlechen Ambitioune start och de Swift Hesper an d’Saison 2026/27. Am Géigesaz zum Racing an Déifferdeng kënne si mam Karoline Kohr weiderhin op hir Topgoalgetterin vertrauen. Änlech wéi de Vizechampion huet och de Swift sech ënner anerem mam Laetitia Mateus an dräi weidere Spillerinne vu Jonglënster verstäerkt an domat vum Réckzuch vum fréiere Champion am Dammefuttball profitéiert. Dobäi komme weider interessant Verstäerkunge wéi d’Gioia Fiorucci vum Ofsteiger Käerjeng an d’Aldina Dervisevic vum Racing.

Weider Veräiner hoffen op Plaz am Play-Off

Fir eng Iwwerraschung kéint fir déi zweete Kéier hannerteneen den SC Beetebuerg suergen. Nodeems si d’lescht Saison als Opsteiger de Sprong an de Play-Off just knapp verpasst hunn, wëlle si et dës Saison packen. "Eigentlech ass et zu dësem Zäitpunkt nach ze fréi, fir ee konkret Zil auszeschwätzen. Sécher ass awer, dass mir an all Match gi fir ze gewannen an, dass mer eis sou eng Plaz am Topp 4 erhoffen", mengt d’Sara Borges, déi bis d’lescht Saison nach zu Dikrech gespillt huet a mëttlerweil Sportdirektesch zu Beetebuerg ass. Mat der Verpflichtung vun der Nationalspillerin Joana Lourenço konnt si direkt een uerdentlechte Statement um Transfertmaart setzen.

An der Course ëm déi éischt véier Plazen an domat de Play-Off gesäit ee sech wuel och zu Ell. 2025/26 huet een dat Zil knapp verfeelt an och dës Saison schéngt et bei där Missioun enk ze gi fir d’Ekipp vum laangjäregen Trainer Paul Wilwerding, well d’Mëttelfeld vun der Liga ëmmer méi no zesummewiisst a sech doduerch ëmmer méi Ekippen am Virfeld vun der Saison eng Chance op de Play-Off ausrechnen.

Sou och den FC Mamer, dee sech trotz engem groussen Ëmbroch an de leschten zwee Joer all Kéier konnt stabil an der Liga halen. "Eist éischt Zil ass et, fir eng gutt Saison ze spillen an d’Liga ze halen. Am Idealfall spréngt dann eventuell eng Plaz ënnert den éischte véier eraus. Mir wëllen awer net ze wäit no vir kucken an huelen d’Matcher een nom aneren", erkläert d’Maylis Cabral, déi scho mat 14 Joer fir Mamer an der éischter Liga gespillt huet. D’Vertrauen an d'Talenter zu Mamer dréit seng Friichten, och wann et an dëser Saison, bedéngt duerch dat enkt Tabellemëttelfeld, wuel vill op d’Erfarung ukomme wäert.

Zu dësem Tabellemëttelfeld zielt mat de Young Girls Dikrech déi lescht etabléiert Ekipp aus der Liga. 2025/26 war eng enttäuschend Saison, an där si sech méi oder manner knapp an der Liga gehalen hunn. An der neier Saison wëll d’Ekipp a Giel a Blo et däitlech besser maachen a vill Transferten an ee Wiessel op der Trainerpositioun sollen dofir de Grondstee sinn. "Mir hunn eng interessant Saison virun eis, well mir am Verglach zu der leschter Saison e puer wichteg an erfuere Spillerinne verluer hunn, eis awer mat jonken a motivéierte Spillerinne verstäerke konnten. Mir wëssen, dass d’Konkurrenz dës Saison nees staark ass an dofir ass d’Zil, eis Plaz an der éischter Divisioun ze behalen", sou d'Jenny Lopes, déi sech no enger laanger Verletzungspaus zréck op den Terrain gekämpft huet an Dikrech als Kapitänin uféiere wäert.

Dräi Opsteiger mat enger gemeinsamer Missioun

Bedéngt duerch de Réckzuch vun der Jeunesse Jonglënster, dem direkten Ofstig vun der Entente WMH an der Néierlag am Barrage vun UN Käerjeng spillen dës Saison dräi Opsteiger an der éischter Liga. Fir den FC Kielen ass et d’Première an der ieweschter Divisioun. D’Ekipp vum Trainer Joël Weber huet et fäerdeg bruecht, fir zwee Mol um Stéck direkt opzesteigen. "Hei spillt sécher eng ganz aner Musek wéi an der zweeter oder drëtter Liga, well vill staark an erfueren Ekippen op eis waarden. Trotzdeem wëlle mir frechen a frësche Futtball spillen, fir als Opsteiger Fouss an der éischter Liga ze faassen an ze probéieren, d’Klass ze halen", sou den Trainer, dee mat enger Ekipp schafft, wou den Duerchschnëttsalter ëm déi 18 Joer läit.

Bei der Entente Red Black Red Star Lëtzebuerg ass d’Erausfuerderung déi nämmlecht. Am Barrage géint d’UN Käerjeng (6:4) hu si op spektakulärem Wee gewisen, dass si géint Éischtligiste mathale kënnen. No villen Ofgäng am Summer fält d’Erwaardung vum Sportdirekter Marco Carvalho folgendermoossen aus: "Eist Zil fir dës Saison ass ganz kloer, fir an der Liga ze bleiwen."

Op e bësse méi Erfarung kann deen drëtten Opsteiger zielen. Onverhofft däerf d’Entente Osten no der Fusioun mat der Victoria vu Rouspert duerchaus kuerzfristeg an der éischter Liga matspillen. "Obwuel eis Traineren an der Virbereedung hu missten ëmbauen, well mir relativ spéit an onerwaart opgestige sinn, hu mir gutt geschafft an eis sou wäit et geet op déi éischt Liga virbereet. Eist Zil ass deemno ganz kloer, dass mir d’Liga hale wëllen. Mir wëssen awer, dass dat schwéier gëtt, well een et als Opsteiger souwisou ni einfach huet", schätzt d’Nathalie Ludwig, déi als fréier Nationalspillerin zu de Féierungsspillerinne beim Opsteiger zielt.

Méi Spannung an allen Tabelleregiounen ze erwaarden

Insgesamt däerfe sech d’Ekippen an d’Supporter wuel an allen Tabelleregiounen op eng méi spannend an enk Saison freeën, wéi dat nach an de leschte Joren de Fall war.

Back to Top
CIM LOGO