
D’Italieener hate sech jo rezent fir déi drëtte Kéier hannerteneen net fir eng Weltmeeschterschaft qualifizéiert, nodeems een an der Play-Off-Finall am Eelefmeterschéisse vu Bosnien-Herzegowina eliminéiert gouf. Fir d’FLF-Formatioun ass dëst 1 vun 2 Matcher déi an deier Period vum Juni wäerte gespillt ginn. Deen zweete Géigner steet bis ewell nach net fest.
Wéini d’Tickete fir de Match géint Italien an de Verkaf ginn, gëtt zu engem méi spéiden Ament matgedeelt.