
Am internationale Futtball huet Manchester City géint Fulham 1:1 gläich gespillt. Chelsea huet no eegener Féierung nach kloer géint Leeds United verluer. De Brian Madjo gouf beim 0:0 vun Aston Villa géint Sunderland an der 73. Minutt agewiesselt.
An Italien leeft et fir Lazio Roum a Como weider gutt, béid Ekippen kruten an hire Matcher 3 Punkten.
ManCity - Fulham 1:1
0:1 Muniz (16'), 1:1 Anderson (57')
Manchester City huet och de 4. Match noeneen net gewonnen. No 3 Néierlagen gouf et géint Fulham zwar ee Punkt, fir eng Victoire ass et awer net duergaangen. De Muniz hat d'Gäscht no 16 Minutten a Féierung bruecht. Vun der Heemekipp koum an der 1. Hallschent wéineg. Nom Säitewiessel konnt den Anderson no engem Fräistouss ausgläichen. De leschte Wëlle fir den Erfolleg ze erzwénge blouf op Säite vu Manchester City awer aus. Um Enn goufen d'Punkte mam 1:1 gedeelt. ManCity huet bei enger Partie méi scho 5 Punkte Réckstand op den Tabelleleader Arsenal.
Chelsea - Leeds 1:4
1:0 Emegha (25'), 1:1 Okafor (28'), 1:2 Calvert-Lewin (53', Eelefmeter), 1:3 Okafor (53'), 1:4 Aaronson (90+1')
Eng schwaach Performance huet Chelsea doheem géint Leeds gewisen. Zwar konnten d'Blues no 25 Minutten duerch den Emegha a Féierung goen. Dem Okafor ass kuerz drop de verd´ngten Ausgläich gelongen. Och nom Säitewiessel waren d'Gäscht iwweleeën a konnten d'Partie komplett dréinen. De Calvert-Lewin no engem Eelefmeter an nach emol den Okafor hu fir d'3:1-Féierung fir Leeds gesuergt. Den Aaronson konnt an der Nospillzäit mam 4. Gol den Deckel op d'Partie maachen.
Newcastle - Arsenal (18:30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Como - Cagliari 2:0
1:0 Ramon (24'), 2:0 Da Cunha (56')
Duerch e Gol vum Ramon an der éischter an engem vum Da Cunha an der 2. Hallschent konnt Como e verdéngte Succès géint Cagliari feieren. Duerch den Erfolleg bleift Como ënnert de beschte 5 Ekippen an der Tabell.
Lazio Roum - Lecce 3:0
1:0 Noslin (25'), 2:0 Noslin (68'), 3:0 Frattesi (90')
Lazio Roum bleift an Italien un der Spëtzt vun der Tabell. Duerch zwee Goler vum Noslin an engem vum Frattesi huet ee sech doheem souverän géint Lecce behaapt.
Parma - AS Roum (18 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Nice - PSG (17:15 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Sevilla - Real Betis (18:30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga