
Den 19. November 2026 wäert an de Geschichtsbicher vun der FLF e groussen Dag sinn. Mat der Emma Goetz stoung eng éischt Kéier eng Lëtzebuergerin an der Startformatioun vun engem Champions-League-Match. Si spillt zënter 2025 fir d'Austria Wien.

De Match géint den FC Bayern München goung zwar mat 0:4 verluer, mee déi 20 Joer jonk Nationalspillerin konnt e puer flott Parade weisen. Ausserdeem war et fir hire Veräin Austria Wien en historeschen Owend. Mat 9.124 Spectateuren am Stadion gouf en neie Rekord am éisträicheschen Damme-Futtball opgestallt.
Nom Match sot d'Emma Goetz an engem Interview, dass si am éischte Moment guer net wousst, dass si Lëtzebuerger Futtballgeschicht geschriwwen huet, mee si wär ganz houfreg doriwwer. Och hir Trainerin huet hir gutt Leeschtung am Match ernimmt.
Fir d'Emma Goetz war et awer net den éischten Optrëtt an der Champions League. Scho virun enger Woch war si géint Benfica Lissabon agewiesselt ginn, wéi déi eigentlech Nummer 1 Jasmin Pal wéinst enger rouder Kaart vum Terrain gesat gi war. Géint Bayern München huet déi fréier Spillerin vun der Entente Wëntger/Wolz hir Coequipière ersat. D'Emma Goetz gouf och fir den Nationalkader fir d'Frëndschaftsmatcher géint Zypern nominéiert.
D'nächst Woch gi mir op den Training vun der Nationalekipp, wou mer dann och profitéieren en Interview mat der Emma Goetz ze maachen.