
D'Dammen Nationalekipp bereet sech vir op d'Nations League Campagne. D'FLF-Damme wäerten tëscht Februar an Juni 2027 an der Liga C am Kader vum Grupp 4 géint Bosnien Herzegowina, Estland an San Marino spillen.
Nofristeg stinn zwee Testmatcher géint Zypern un an dat zwee Mol auswäerts. Gespillt gëtt de 27. November an den 30. November an dat zwee Mol um 10 Auer moies.
Et ware schonn am Oktober zwee Frëndschaftsmatcher. Op Malta gouf et eng 0:1 Defaite an doheem hunn d'Léiwinnen keng Chance gehat géint de Montenegro bei enger 0:4 Defaite. Beim éischte Rendez-vous hat déi ganz wichteg Mëttelfeld Spillerin Charlotte Schmit blesséiert gefeelt.
Den Trainer Daniel Zirbes huet um Donneschdeg Moien de Lëtzebuerger Kader fir Partië géint Zypern presentéiert. Et goufe 7 Changementer notéiert am Verglach zum leschte Stage.
Mam Tânia Carvalho vun Atlético Ouriense aus Portugal ass eng Spillerin ganz nei dobäi.
De wichtegen Trio Catarina Lavinas, Rita Leite an Rachel Kirps ass net zréckbehale ginn, well déi wichteg Elementer mat Verletzunge geplot sinn.
Dem FIFA Ranking no sinn positiv Resultater op Zypern absolut méiglech well d'Léiwinnen 18 Plaze besser klasséiert sinn.
Och wann d'Resultater bei Testmatcher net prioritär am Fokus stinn, wëll sech d'FLF-Selektioun op Zypern belounen, och well et am Oktober an de Preparatiounsmatcher zwou Defaite gouf.