Futtball-ChampionnatStroossen gewënnt Spëtzematch géint Munneref

RTL Lëtzebuerg
D'UNA spréngt no der Victoire op Plaz 1 vun der BGL Ligue. Donieft huet Walfer um Hesper Holleschbierg gewonnen a Biissen hat keng Problemer zu Rëmeleng.
© Eugène Thommes

D'UNA Stroossen huet sech am Spëtzematch vum 7. Spilldag duerchgesat a bleift domat weiderhin ouni Punktverloscht. Nom 2:1 zu Munneref steet d'Ekipp vum Trainer Jérémy Deichelbohrer mat 21 Punkten eleng un der Tabellespëtzt. Stroossen war iwwer wäit Strecken déi dominant Ekipp, wärend d'Lokalekipp keng richteg zwéngend Golchance hat. Den 2:0 duerch den Harisson hat wéi d'Entscheedung ausgesinn, mee duerch den Uschlossgol an der Nospillzäit sollt et nach eng Kéier spannend ginn.

Den amtéierende Champion FC Atert Biissen huet sech am Auswäertsmatch am déiwe Minett mat 6:0 géint d'US Rëmeleng behaapt. No engem perfekte Start huet Biissen nach weider dräi Goler am éischten Duerchgang geschoss, woumat den Deckel quasi schonn drop war. Mat der zweeter gudder Chance am zweeten Duerchgang huet de Ferber säin drëtte Gol geschoss an domat den Hattrick perfekt gemaach.

Den Opsteiger Résidence Walfer huet verdéngt an um Enn och däitlech 3:0 um Hesper Holleschbierg gewonnen.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Hesper - Walfer 0:3
0:1 Macedo (38'), 0:2 Macedo (43'), 0:3 Long IV (89')

Rëmeleng - Biissen 0:6
0:1 Ferber (5'), 0:2 Ferber (20'), 0:3 Abi Ramzi (42'), 0:4 Rebelo Fernandes (45'), 0:5 Ferber (59'), 0:6 Vaz (90'+2)

Munneref - Stroossen 1:2
0:1 Natami (25'), 0:2 Harisson (75'), 1:2 Kumbi (90'+3)

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO