
Dräi Wochen no dem dramatesche Feier an enger Bar zu Crans-Montana huet sech de jonke Fussballspiller vum FC Metz Tahirys Dos Santos eng éischte Kéier zu Wuert gemellt. No schwéiere Wochen an enger rezenter Transplantatioun, géif et him gutt goen, schreift de jonke Sportler vun 19 Joer op de Soziale Medien.

De Wee wier nach laang, mä hie géif mat Determinatioun no fir kucken. Den Tahyrs Dos Santos war am Brand schwéier blesséiert verbrannt ginn, wéi en nach emol zréckgelaf war fir senger Frëndin ze hëllefen. Mat am Grupp an der Silvesternuecht war jo och e jonke Lëtzebuerger. Den Eliot Thelen, deen immens Chance hat an nëmme liicht verwonnt gouf.
E Freideg den Owend ass de Proprietär vun der Bar “Le Constellation” géint eng Kautioun vun ëmgerechent ronn 216.000 Euro aus der Untersuchungshaft komm. De Fransous muss säi Pass a seng Openthaltsgeneemegung beim Parquet ofginn, dierf net ausreesen a muss sech all Dag bei der Police mellen.