
Den Didier Dinart ass neien Handball-Nationaltrainer vun den Hären. Dat huet d'Federatioun e Freideg offiziell an engem Communiqué matgedeelt.
De Fransous iwwerhëlt domadder d'Successioun vum Maik Handschke. Den Däitsche souz bis dësen Abrëll op der Trainerbänk vun der FLH.
Den Didier Dinart gouf als aktive Spiller mat Frankräich Welt- an Europameeschter an huet och olympescht Gold gewonnen. Rezent war hien Nationaltrainer a Montenegro.