
No der Wanterpaus hu Rëmeleng an d’Jeunesse e Samschdeg den Owend d’Réckronn vun der héchster lëtzebuergescher Divisioun agelaut. Viru 680 Spectateure konnt sech weder de Leader, nach d’Schlussliicht aus der Tabell duerchsetzen. Um Enn gouf mat 1:1 gedeelt - ee Resultat, dat kenger vu béiden Ekippen esou richteg weiderhëlleft.
BGL Ligue: De Spilldag mat der Tabell am Iwwerbléck
Am Stade Municipal zu Rëmeleng ass den Éischten op de Leschten aus der Tabell getraff - d’Rolle waren deemno kloer verdeelt, och wann d’Jeunesse op dee Laangzäitblesséierten Toni Luisi hu misse verzichten.
Béid Formatiounen huet een den Drock an den éischte Minutten ofgesinn. Insgesamt war de Match ufanks net vun héijer Qualitéit, sou datt et och eng Zäitche gedauert huet, bis déi éischt Golchancen entstane sinn. Rëmeleng huet dunn a Persoun vum Diallo éischt Accenter gesat, ouni awer déi néideg Portioun Reussite op der Säit ze hunn. No der hallwer Stonn stoung et esou nach 0:0, mat engem liichten Iwwergewiicht fir d’US.
D’Lokalekipp krut dunn déi kal Dusch, wéi de Kyereh flott mam Er Rafik zesumme kombinéiert huet an dem Winkel de Ball an der 33. Spillminutt tëscht de Been erduerch erageschoss huet. 1:0 fir d’Gäscht no 45 Minutten.
Am zweeten Duerchgang war Rëmeleng weider déi spillbestëmmend Ekipp a konnt sech dunn och an der 70. Minutt fir hir Efforte belounen. No enger strammer Flank vu lénks huet sech de Sahin an de Ball geworf an dat ronnt Lieder am Gol vum Sommer verwandelt.
An der Schlussphas goufen et du Chancen op béide Säiten, ma keng Ekipp hat dat néidegt Duerchsetzungsverméigen fir den Deckel op dës Partie ze leeën. Um Enn hu sech béid Formatioune misse mat engem Remis zefridde ginn.