Wéinst obszönem Gest1 Spill Spär fir den portugisesche Superstar Ronaldo

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de saudeschen Futtballverband géint de Cristiano Ronaldo ermëttelt huet, ass dem Portugis seng Strof bekannt.
© SID/Fayez Nureldine

D’Urteel géint de Cristiano Ronaldo

No engem obszöne Gest ass de Cristiano Ronaldo an der Saudi Pro League fir ee Spill gespaart ginn. Datt gouf vum saudesche Futtballverband matgedeelt. Den 39 Joer ale Futtballer huet e Sonndeg den Owend no der 3:2-Auswäertsvictoire mat Al-Nassr bei Al-Shabab déi géigneresch Fans géint sech opbruet.

Wat ass genau geschitt?

An de soziale Medie goufen et Videoopnamen, déi de portugisesche Rekordbuteur gewisen hunn, wéi hie sech nom Match seng lénks Hand un d’Ouer geluecht huet an déi riets méifach viru säin Ënnerkierper hin- an hierbeweegt. Déi Aktioun schéngt sech géint Fans vun Al-Shabab ze riichten. Hien huet sech wuel doduerch, datt d’Fans sengem gréisste Rival säin Numm “Messi"ëmmer nees geruff hunn, provozéiert gefillt.

Ëmmer rëm negativ opgefall

Dës Ëfteren huet de Ronaldo um Persesche Golf fir negativ Press gesuergt. Eréischt kierzlech huet hie sech um Wee fir an d’Kabinnen ee Fanschal vun Al-Hilal an d’Box gestach a kuerz doropshin de Schal erausgeholl an op den Buedem gehäit.

De leschten Abrëll huet hien no enger Néierlag géint deselwechte Club nom Match sech u senge Genitalie ronderëm getriwwelt, dat als Provokatioun.

Back to Top
CIM LOGO