
Am Transferpoker ronderëm déi brasilianesch Vedette hätt Real, nieft der Zomm vun 100 Milliounen Euro, och de Gareth Bale, de Golkipper Keylor Navas an den Ex-Münchener James Rodriguez mat ugebueden hunn - dëst mellt op d’mannst déi franséisch Sportzeitung “L’équipe”.
Schonn zanter Längerem ass bekannt, datt den Neymar zu Paräis net méi zefridden ass. PSG wëllt de Spiller anscheinend och ofginn, huet gläichzäiteg awer ëmmer zimlech onrealistesch Zomme am Raum vun iwwer 200 Millioune fir ee méiglechen Transfert vum Brasilianer ausgeruff.
Wéi et weider an der “L’équipe” heescht, hätt de Futtballclub aus der franséischer Haaptstad d’Offer vun de Kinneklechen awer refuséiert.