Futtball2.000 Spectateuren hunn d'Nowuessspiller an der Coque ugefeiert

RTL Lëtzebuerg
D'Indoor-Finalle bei de Pupilles, Poussins, Minimes a Jeunes Filles hate grousse Succès.
2.000 Spectateuren hunn d'Nowuessspiller an der Coque ugefeiert
D’Indoor-Finalle bei de Pupilles, Poussins, Minimes a Jeunes Filles hate grousse Succès.

De Weekend huet d’FLF an der Coque d’Indoor-Finallen an de Kategorië Poussins, Jeunes Filles, Pupilles a Minimes organiséiert. An all Jugendkategorie hu jeeweils 6 Ekippe géintenee gespillt, fir de grousse Gewënner ze fannen. Gespillt gouf de Weekend am Gymnase vun der Coque. Et war déi éischte Kéier, dass d’Finallen op där Plaz gespillt goufen.

Virun allem bei deene ganz Klenge soll d’Kompetitioun awer nach net onbedéngt am Vierdergrond stoen, hei zielt virun allem de Spaass um Sport. Dofir stinn d’Indoor Finallen och ëmmer ënnert dem Motto vun der Campagne “Rout ass näischt fir eis”.

Op sportlechem Plang war et bei de Pupillen um Enn eng ganz enk Affär. De Swift Hesper konnt sech d’Coupe séchere mat engem eenzege Gol Avance op den SC Beetebuerg. Béid Ekippe ware gëschter ongeschloen, dat bei 3 Victoiren an zwee Remisen.

Bei de Poussins konnt sech de Red Black Egalité duerchsetzen, bei de Minimes huet d’Escher Fola gewonnen a bei de Jeunes Filles, déi eng éischte Kéier mat dobäi waren, geet d’Coupe un d’Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher.

Am Ganze waren de Weekend iwwer eng 2.000 Spectateuren dobäi, fir d’Nowuessspiller a -Spillerinnen ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO