ING-Marathon250 Polizisten a 450 Leit vum Gemengepersonal fäerdeg mat Preparatiounen

RTL Lëtzebuerg
En Evenement, wat am Viraus mat vill logisteschem Opwand verbonne war.
ING Marathon
250 Polizisten a 450 Leit vum Gemengepersonal fäerdeg mat Preparatiounen.

Changementer am ëffentlechen Transport wéinst dem ING Night Marathon 250 Polizisten a 450 Leit vum Gemengepersonal schaffe mat, fir dass de Marathon gutt iwwert d‘Bün leeft. Dobäi kommen 1.300 Benevole.

Den Organisateur Erich François ass bei de Preparativen an der Luxexpo dobäi- Een Dag virum Depart ass nach sou munches ze maachen op der Streck, et misst gekuckt ginn, ob alles an der Rei wier, néierens en neie Chantier dobäi komm ass an iwwerall Luucht ass.

Et ass een awer, frou, dass no 3 Joer Zwangspaus de Laf dëst Joer och wierklech ka stattfannen, och wann no Covid manner Leefer starte wéi soss. Eng Erausfuerderung ass et och, d‘Streck esou ze organiséieren, dass d‘Distanz vun 42 respektiv 21 Kilometer stëmmen, an dat trotz Chantieren.

Den Alex Goergen vum Service des Sports:

“E Marathon an der Stad ze organiséieren, ass ëmmer eng Erausfuerderung, virun allem bei der Streckeféierung. Et si vill Chantieren an der Stad, an den Tram ass dobäi komm, dee misst och an d’Streck integréiert ginn. Dobäi soll d’Staat accessibel bleiwen.

Bei der Police sinn d‘Preparative schonn ofgeschloss. Hei steet de Plang, fir d‘Sécherheet vu Leefer a Spectateuren ze garantéieren an och de Verkéier ze reegelen. De Patrick Even, Regionaldirekter vun der Police:

“Fir de Marathon ginn d’Stroossen an de verschiddene Quartiere progressiv gespaart, ugefaangen um Kierchberg, dann op de Lampertsbierg, d’Ville haute, Belair an da Gare an Hollerech. Vu 16 Auer u ginn dann am Hallef-Stonnentakt d’Stroossen an deene verschiddene Quartiere gespaart.”

D‘Police mécht wéi och soss den Appell, op d‘Wäertsaachen opzepassen.

Back to Top
CIM LOGO