EM am Schwammen27. Plaz fir d'Monique Olivier iwwer 200 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin konnt sech domadder net fir d'Halleffinalle qualifizéieren.
© pressphoto (Archiv)

E Samschdeg war d’Monique Olivier zu Roum an Italien bei der Europameeschterschaft am Schwammen am Asaz. Fir d’Lëtzebuergerin ass de Chrono iwwer 200 Meter Crawl no 2 Minutten, 3 Sekonnen a 36 Honnertstel stoe bliwwen. Um Enn war dat déi 27. Plaz ënner 40 Schwëmmerinnen.

D’Lëtzebuergerin ass mat hirer Zäit ronn 3 Sekonnen iwwert hirem nationale Rekord bliwwen.

PDF: Pressecommuniqué vun der FLNS

Back to Top
CIM LOGO