Am Alter vun 80 JoerF1-Weltmeeschter vun 1980 Alan Jones gestuerwen

Tom Nols
Den Australier war 1980 op Williams Weltmeeschter an der Formel 1 ginn an hat a senger Karriär 12 Grand-Prixe gewonnen. Duerno war hien och als Kommentator erfollegräich.
Den Alan Jones war 1980 op Williams Formel-1-Weltmeeschter ginn.
Den Alan Jones war 1980 op Williams Formel-1-Weltmeeschter ginn.
© PATRICK HAMILTON/AFP

An enger ëffentlecher Erklärung huet d'Famill matgedeelt, dass den Alan Jones no kuerzer Krankheet, puer Deeg no sengem 80. Gebuertsdag, gestuerwen ass.

Dem Jones säi Papp Stan war och Pilot an hat 1959 de Grousse Präis vun Australien am Albert Park gewonnen. 1980 sollt den Alan him et nomaachen an ass domat bis haut dee leschten Australier, dee säin Heem-Grand-Prix gewanne konnt. A senger F1-Karriär hat hien 1980 den Titel gewonnen an 12 Coursse gewonnen.

Laangen Ulaf

An den 1960er Joren hat sech den Alan Jones am brittesche Motorsport versicht, mee hat sech réischt ugangs den 1970er do kënnen etabléieren. 1975 war et am Hesketh de F1-Debut beim Grousse Präis vu Spuenien. Iwwer d'Statiounen Hill a Surtees war hien 1977 bei Shadow gelant a konnt do mam Grousse Präis vun Éisträich seng éischt Course an der Kinneksklass vum Motorsport gewannen.

Fir 1978 sollt den Alan Jones bei Ferrari wiesselen. Op de leschte Stëppel hat den Enzo Ferrari sech awer fir ee gewësse Gilles Villeneuve decidéiert an den Australier goung bei déi deemools nach wéineg erfollegräich Ecurie vum Frank Williams. No enger villverspriechender Saison sollt 1979 mat engem neien Auto a véier Victoiren de Knuet platzen. D'Joer drop goung et mat fënnef éischte Plazen nach besser, sou dass den Jones um Enn Weltmeeschter gi sollt.

1981 huet den Australier d'Team Williams zum Titel bei de Konstrukteure gefouert. Véier Punkten hannert dem Weltmeeschter Nelson Piquet an dräi Punkten hannert dem Vize Carlos Reutemann war fir den Jones déi drëtt Plaz erausgesprongen. Gezeechent vun Ausfäll a grousse Belaaschtunge war hien no der Saison zréckgetrueden.

Wiessel hannert de Mikro

1983 war et awer schonn e klenge Comeback zu Long Beach komm, zwee Joer méi spéit dräi Coursse fir d'Beatrice-Haas-Team, mat deem den Jones 1986 nach emol eng ganz Saison gefuer war. Duerno war et den endgültege Réckzoch aus der Formel 1. An Australien hat hien awer nach un der nationaler Meeschterschaft vun den Toureween deelgeholl a war ënnert anerem och d'24 Stonne vu Le Mans a Courssen an der US-amerikanescher CART-Serie gefuer.

No engem leschte Start beim Bathurst 1000 am Joer 2002 hat sech de Weltmeeschter vun 1980 op seng Karriär an de Medie konzentréiert. Als Kommentator vu Formel-1-Courssen hat hie groussen Erfolleg a jorelaang kloer seng Meenung gesot.

Back to Top
CIM LOGO