
Domat kënne si sech dann och 2 Spilldeeg viru Schluss iwwer de Championstitel freeën. Et ass fir déi 29. Kéier, dass si dësen Titel gewannen.
An England ka Liverpool no enger weiderer Néierlag de Punkterekord net méi knacken an an Italien verspillt d’Juventus eng 2:0-Féierung.
Nodeems an der éischter Hallschent keng Goler gefall sinn, konnt den Danilo Pereira den FC Porto no 64 Minutte mat 1:0 a Féierung bréngen. Laang Zäit blouf et spannend, ma an der 91. Minutt huet de Marega du fir d’Decisioun gesuergt. Duerch dës 2:0-Victoire ass den FC Porto fréizäiteg Champion.
An England steet den FC Liverpool jo schonns méi laang als Champion fest, ma nawell gong et fir si nach ëm eppes. Ënnert anerem ëm de Rekord vun de meeschte Punkten an enger Saison. Deen ass elo allerdéngs net méi realiséierbar, well si hu sech e Mëttwoch mat 1:2 géint Arsenal misse geschloe ginn an dat obwuel si de Match komplett dominéiert hunn. Liverpool konnt och fréi duerch de Mané a Féierung goen, ma Lacazette an Nelson konnten de Match nach virun der Paus fir d’Gunners dréinen.
Juventus Turin huet e Mëttwoch den Owend eng 2:0-Féierung nach hierginn. Nodeems si schonns no 12 Minutten duerch Goler vun Danilo an Higuain mat 2:0 vir waren, konnt Sassuolo de Match dréinen. Djuricic, Berardi a Caputo hate fir d’Lokalekipp getraff. An der 64. Minutt hat dunn nach den Alex Sandro fir den Tabelleleader markéiert, esou dass si op d’mannst ee Punkt mat heem huelen.