Basketball-ChampionnatMusel Pikes an AB Contern gi mat enger Victoire an d'Lännermatchpaus

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg war an der Enovos League bei den Dammen d'Suite vum 8. Spilldag.
© AFP (Archiv)

Den AB Contern setzt sech auswäerts mat 84:73 géint Wolz duerch. D'Lokalekipp bleift domat weiderhin ouni Victoire dës Saison. D'Hannah Stines huet 26 Punkte fir d'Gäscht geworf, d'Marah Dykstra huet 23 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

D'Musel Pikes gewanne mat 77:64 géint den Opsteiger Gréngewald Hueschtert. D'Pikes louchë schonn nom éischte Véierel mat 22:8 a Féierung, duerno huet Hueschtert sech zwar gesteigert, konnt sech awer net méi zeréck an d'Partie kämpfen. Fënnef Spillerinnen hu bei de Pikes zweestelleg gescort, d'Ella Gallatin koum op 18 Punkten, d'Magaly Meynadier huet 17 Punkte markéiert.

D'lescht Woch hat sech den T71 Diddeleng, deen ongeschloen un der Tabellespëtzt steet, 95:70 géint de Basket Esch duerchgesat. Wéinst de Lännermatcher vun der Dammennationalekipp ass an der Enovos League elo eng Paus vu ronn zwou Wochen.

________________________________________________

Dammen

Back to Top
CIM LOGO