Volleyball-Championnat3:1-Victoire fir Fenteng géint Esch

RTL Lëtzebuerg
An der Sonndespartie bei den Hären huet de Leader aus der Tabell näischt géint d'Géigner vun Esch ubrenne gelooss. Dikrecher Damme konnte souverän wannen.

E Sonndeg war nach jee eng Partie bei den Hären an eng bei den Damme fir de Kont vum 13. Spilldag. Schonn e Samschdeg den Owend goufen am Lëtzebuerger Volleyball-Championnat bei den Hären an den Dammen eng Partie Matcher gespillt.

Häre-Volleyball

Fenteng - Esch 3:1

E Sonndeg ass de Leader vu Fenteng op Esch getraff. Fir déi Escher war dëse Match déi leschte Chance, fir nach de Sprong an d’Play-Offen ze packen - eng Victoire auswäerts war also d’Zil. Ma d’Haushären haten awer eppes dogéint an hunn den éischte Saz mat 25:17 gewonnen. Duerno huet d’Heemekipp awer mat 20:25 de Kierzere gezunn, ier si den drëtte Saz knapp mat 25:23 wanne konnten. Am véierte Saz war Fenteng erëm méi staark a konnt dëse mat 25:20 entscheeden.

CHEV Dikrech - Belair 3:1

Mat dem Belair hat Dikrech net immens vill Problemer a gewënnt souverän mat 3:1. Vun deenen 3 Sätz huet de Belair keen däitlech verluer (21:25, 20:25 an 19:25) an awer haten se ni eng Chance ee vun dëse Sätz ze gewannen. Den 3. Saz konnte se mat 25:23 fir sech entscheeden mee dat sollt awer net duergoen.

Luerenzweiler - Bartreng 0:3

Vill konnt Luerenzweiler de Bartrenger net geféierlech ginn. Schlussendlech konnte se just am 2. Saz mat Bartreng mathalen a verléieren dëse knapps mat 23:25. Déi aner 2 konnt Bartreng mat 25:11 a 25:16 fir sech entscheeden.

Walfer - Stroossen 0:3

Och Stroossen hat um Samschdeg guer keng Problemer a klappt Walfer an 3 Sätz mat 25:12, 25:17 a 25:13.

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball

Damme-Volleyball

CHEV Dikrech - Iechternach 3:0

Och bei den Damme blouf nach eng Partie e Sonndeg ze spillen - Dikrech ass doheem géint Iechternach opgetrueden. D’Dammen aus der Abteistad hate sech beim CHEV eppes virgeholl, ma waren awer an den éischten zwee Sätz séier mat 2:0 hannen. 25:11 a 25:10, esou houschen d’Scoren no den éischten zwee Sätz. Am drëtte Saz huet d’Heemformatioun mat engem weidere 25:11 den Deckel op dëse Match geluecht.

Péiteng - Stengefort 3:2

E ganz spannende Match kruten d’Spectateuren zu Péiteng ze gesinn wéi et an e 5-Saz Krimi gaangen ass. Stengefort konnt no den éischten 2 Sätz (25:20 an 25:23) a Féierung goen mee Péiteng huet sech net opginn a konnt sech nees an de Match bäissen sou dat se den 3. a 4. Saz mat 25:17 respektiv 25:19 fir sech entscheede konnten. Sou ass et an de 5. Saz gaangen an do sollt et weiderhin sou spannend bleiwen mee et waren déi Péitenger déi sech mat 19:17 duerchsetze konnten an esou konnten se dëse Match no engem 0:2-Réckstand nach mat 3:2 gewannen. Domadder steet Péiteng sécher an den Halleffinallen vum Championnat.

Walfer - Stroossen 3:0

Mat Stroossen hat de Favorit vu Walfer guer keng Problemer an huet am Schnellduerchlaf mat 3:0 (25:14, 25:19, 25:15) gewonnen.

Mamer - Gym 0:3

Genau wéi Walfer hat och den Gym keng Problemer a gewënnt ouni Problemer mat 3:0 géint Mamer. Just am 2. Saz huet sech den Gym méi schwéier gedoen an entscheet dësen mat 27:25 fir sech. Déi aner huet den Gym mat 25:17 a 25:16 fir sech entscheet.

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Volleyball

Back to Top
CIM LOGO