Lëtzebuerger Futtballer am Ausland3 Punkte fir de Marvin Martins mat Austria Wien

RTL Lëtzebuerg
Néierlage ginn et iwwerdeems fir den Dirk Carlson mat St. Pölten an de Gerson Rodrigues a Sivasspor.
© AFP (ARCHIV)

An der 1. Bundesliga an Éisträich gëtt et eng Victoire fir de Marvin Martins an Austria Wien géint de WSG Tirol. De Lëtzebuerger Defenseur huet bei der 2:0-Victoire beim WSG 90 Minutte gespillt a krut an der 66. Minutt déi Giel Kaart gewisen. Austria steet op der 9. Plaz.

Fir den Dirk Carlson gouf et iwwerdeems an der 2. Liga an Éisträich eng 1:2-Néierlag mat St. Pölten géint den DCV Leoben. De Lëtzebuerger stoung iwwer 90 Minutten um Terrain. An der Tabell steet St.Pölten no 11. Spilldeeg mat 16 Punkten op der 7.Plaz.

Köln huet an der 1. däitscher Bundesliga mat 3:1 géint Gladbach gewonnen. Bei Köln war de Mathias Olesen wuel am Kader, ass awer net zum Asaz komm. Op Gladbacher Säit ass de Yvandro Borges ass verletzt mat enger Blessur um Uewerschenkel. De Resumé vum Match Köln-Gladbach fannt dir hei.
Um 9. Spilldag an der Tierkescher Süper Lig huet de Gerson Rodrigues mat Sivasspor 0:1 géint Kasimpasa Istanbul verluer. Dobäi ass de Gerson Rodrigues an der 76. Minutt ausgewiesselt ginn. Sivasspor ass aktuell mat 10 Punkten 10. an der Tabell, 15 Punkten hannert dem Leader Galatasaray.

Samschdeg

An der Bundesliga ass de Leandro Barreiro mat Mainz op den FC Bayern getraff. De Barreiro huet vun Ufank u gespillt an eng staark Leeschtung gewisen, ma Mainz huet sech um Enn misse mat 1:3 geschloe ginn a bleift domat op Plaz 17 vun der Tabell.

Ajaccio ass géint Pau och am 4. Match um Stéck ouni Géigegol bliwwen a läit elo op Plaz 7 vun der franséischer Ligue 2. De Maxime Chanot huet d’Partie fir Ajaccio wéi gewinnt duerchgespillt.

Fir CSKA Sofia an der ieweschter Liga a Bulgarien gouf et ee wichtegen Auswäerts-Succès géint Pirin Blagoevgrad. Mat 2:1 konnt sech d’Ekipp vum Enes Mahmutovic duerchsetzen, dee schonn no 3 Minutten eng giel Kaart krut, awer trotzdeem duerchgespillt huet. CSKA Sofia bleift domat an der Lutte ëm den Titel.

An der éischter Liga a Schweden ass et fir Degerfors mam Seid Korac géint Kalmar gaangen. De lëtzebuergeschen Defenseur huet de ganze Match gespillt, ma Degerfors huet sech awer misse mat 1:3 geschloe ginn, woumat si op der zweetleschter Plaz bleiwen.

Rzeszow ass an der zweeter polnescher Divisioun net iwwert een 0:0 géint Zalgebie Sosnowiec erauskomm. De Sébastien Thill stoung bei Rzeszow an der Startformatioun an ass no 87 Minutten ausgewiesselt ginn. Seng Ekipp spréngt domat fir den Ament op déi 12. Tabelleplaz.

An der zweeter tierkescher Divisioun huet Sanliurfaspor sech misse mat 0:3 bei Goztepe geschloe ginn. Bei Sanliurfaspor stoung den Oli Thill an den éischten 11 a gouf an der 69. Minutt ausgewiesselt.

An der zweeter Liga an Norwegen huet Kongsvinger sech souverän mat 2:0 bei Jerv duerchgesat. D’Ekipp vum Lars Gerson, deen de ganze Match gespillt huet an no 78 Minutten eng giel Kaart krut, bleift domat an der Course ëm den direkten Opstig an déi iewescht Divisioun.

An engem geckege Match an der éischter ungarescher Liga gewënnt Ujpest no 5:0-Féierung um Enn mat 5:3 géint Kecskemeti. Den Tim Hall stoung op Säite vun Ujpest déi 90 Minutten iwwer um Terrain, déi duerch dëse Succès op Plaz 2 sprangen.

Um Samschdeg ass St. Pauli mam Danel Sinani zu Paderborn net iwwert en 2:2 erauskomm, bleift awer op der 1. Plaz. De Sinani souz beim Tabelleleader vun der zweeter Bundesliga de ganze Match op der Bänk.

Bei Bastia stoung de Florian Bohnert wéinst senger Verletzung weiderhin net am Kader. Ouni de Lëtzebuerger konnt Bastia sech zu Rodez ee Punkt sécheren a sou op der 13. Plaz bleiwen.

An der éischter Liga am Aserbaidschan konnt Sabah Baku de Match géint Sumqayit dréinen a mat 3:1 fir sech decidéieren. De Vincent Thill stoung bei Baku iwwerdeems net am Kader.

Freideg
Mat 1:3 huet Waldhof Mannheim e Freideg den Owend an der 3. Liga an Däitschland géint Borussia Dortmund II verluer. De BVB war vun der 84. Minutt an Ënnerzuel.

Bei Mannheim stoung de Lëtzebuerger Laurent Jans an der Startformatioun. Mannheim waart elo zanter 4 Matcher op eng Victoire. No 12 Spilldeeg huet een nëmmen 12 Punkten um Konto an d’Ofstigsplaze kommen ëmmer méi no.

Besser gelaf ass et am belsche Championnat fir Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris. Bei der 4:1-Victoire géint KAS Eupen huet d’Lëtzebuerger Nummer 1 nëmmen eng Kéier missen hannert sech gräifen. An der Tabell steet ee mat 25 Punkten un der Tabellespëtzt.

An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte mat 3:0 géint Braunschweig d’Iwwerhand behalen.

Back to Top
CIM LOGO