Basketball-ChampionnatBartreng iwwerrennt Esch, Steesel wënnt den Derby géint Walfer

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war d'Suite vum 7. Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an Hären.
Am Kader vum 7. Spilldag huet Esch doheem géint d'Sparta gespillt.
Am Kader vum 7. Spilldag huet Esch doheem géint d'Sparta gespillt.
© Christophe Hochard

Hären

Am Spëtzematch war keng Spannung dran. D'Sparta Bartreng iwwerrennt de Basket Esch auswäerts mat 96:65. D'Gäscht hunn sech am zweete Véierel ofgesat an de Match duerno geréiert. Bartreng huet mam Shelton Williams-Dryden en drëtte Profispiller verpflicht, hie koum bei sengem Debut op 22 Punkten, déi meescht vun der Ekipp.

Am Derby setzt sech d'Amicale Steesel auswäerts mat 97:87 géint d'Résidence Walfer duerch. Mat engem staarke leschte Véierel (32:14) huet Steesel d'Partie gedréint, d'Profispiller Conley Phipps (31 Punkten) a Landon Seaman (33) hunn zesumme 64 Punkten geworf bei de Gäscht. Bei Walfer stoung den Desean Eikens fir déi éischt Kéier am Kader, seng 26 Punkte konnten d'Néierlag vun der Lokalekipp allerdéngs och net verhënneren.

De Leader Etzella Ettelbréck bleift eleng un der Spëtzt vun der Tabell, dat no enger knapper 87:85-Victoire auswäerts géint d'Musel Pikes. D'Gäscht haten sech mat enger staarker Schlussphas zeréck gekämpft an hätten kënnen mat engem leschte Worf als Gewënner vum Terrain goen, de Kyle Johnson huet den Dräier allerdéngs kloer verfeelt. Mat 24 huet den Deantoni Gordon bei de Gäscht am beschte getraff.

D'Arantia Fiels wënnt mat 91:83 géint den Opsteiger Zolwer. Ouni de verletze Profispiller Imariagbe huet bei der Fiels den Tyrell Sturdivant mat 27 Punkte grouss opgespillt an seng Ekipp zur Victoire gefouert.

Den Opsteiger Gréngewald Hueschtert setzt sech no enger spannender Schlussphas mat 92:89 géint de Racing Lëtzebuerg duerch. 35 Punkten goungen op de Kont vum Raiquan Clark bei der Lokalekipp.

Um Freideg hat sech den T71 Diddeleng knapp mat 86:84 géint d'Kordall Steelers duerchgesat.

________________________________________________

Dammen

D'Musel Pikes dominéieren d'Partie géint de Basket Esch a wannen um Enn mat 87:57. D'Ella Gallatin konnt 25 Punkte markéieren an d'Magaly Meynadier huet 17 Punkten zur Victoire vun der Lokalekipp bäigesteiert.

Den Opsteiger Gréngewald Hueschtert feiert beim 60:48 Succès zu Wolz déi éischte Victoire des Saison, d'Lokalekipp bleift ouni Erfolleg no 6 Matcher. Mat 27 Punkte konnt d'Greta Kampschroeder fir d'Gäscht iwwerzeegen.

Um Freideg hat sech den Champion T71 Diddeleng kloer mat 92:49 géint d'Amicale Steesel behaapt.

Back to Top
CIM LOGO