"Tri de Luxe"35 km Schwammen, 315 km Vëlo a 85 km Lafe fir de gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
35 Kilometer Schwammen duerch d‘Musel, 315 Kilometer Vëlo ronderëm d‘Land a 85 Kilometer Lafe vum déifsten op den héchsten Punkt vum Land.
© Rita Pinto Photography

Dat ass den Triathlon-Projet, deen den Eric Wagner vum leschte Freideg bis e Sonndeg, also an 3 Deeg, hannert sech bruecht huet.

De Lëtzebuerger war 2018 och schonns an den Top 100 vum Ironman op Hawaii. Éier hien am Triathlon méi kuerz wollt trieden, hat hien d‘Iddi, fir dësen “Tri de Luxe” fir de gudden Zweck ze maachen.

De Jeff Kettenmeyer huet mam Eric Wagner op dës Aventure zeréckgekuckt.

“Tri de Luxe” mam Eric Wagner/Reportage Jeff Kettenmeyer

© Rita Pinto Photography

Back to Top
CIM LOGO